Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg - Ministère de la Culture
Panier : 0 article(s)
Montant : 0,00 €

TOTAL

0,00 €

Partager cet article  

KAPPKINO - ENG GESCHICHT OUNI BAART- VINYL + DOWNLOAD

KAPPKINO - ENG GESCHICHT OUNI BAART

 

Ee Lauschterstéck a Koproduktioun mat der ASBL openscreen, dem Radio 100,7 an der Kulturfabrik Esch.

 

Op 2 Vinyl LP, mat engem Download-Code fir MP3.

 

... Enges Owes sëtzt de Kinnek ewéi sou dacks a senger Schlofkummer nozedenken, wärend seng Fra an der Buedzëmmer mam Schweesapparat hantéiert.

Si ass am Gaang d'Kroun erëm zesummenzeflécken aus där hirem Mann Moies onglécklecherweis en Zack gebrach war.

Wéi de Kinnek sech grad esou de Kënn stréilt, entdeckt hien op eemol säi Schiet, deen duerch de Schäi vun der Buedzëmmerluucht un der Mauer opdaucht.

Hien erféiert, well obwuel him säi Schiet laang a wuel bekannt ass, sou gesäit et duerch déi Hand, mat där hie sech am Gesiicht spillt, tatsächlech ee Moment esou aus, wéi wann him e stattleche Baart stéing...

 

Waat soll ee Kinnek nëmme maachen, wann him als Eenzegen a sengem Räich einfach kee Baart wuesse wëll?

Kann een dann iwwerhaapt e Kinnek sinn, wann ee kee Baart huet?

Dës Geschicht ass inspiréiert vum klassesche Märchen "Der Schatten" vum Hans Christian Andersen a si schwätzt vu Muecht a vu Bäert natierlech, mee virun allem dovunner, wat ee Mënsch zu deem mécht, wat en ass.

 

Text: Claudine Muno

Stëmm: Betsy Dentzer & Misch Feinen

Musek & Sound: Misch Feinen

Regie, Produktioun, Graphik & Illustratioun: Tanja Frank

Toun, Edit & Mix: Ken Nnganyadi

Photo: Emile Hengen

Opgeholl an den Philophon Studios zu Beetebuerg

 

Während dem Corona-Lockdown 2020 gouf eng speziell Ausgab vum Kappkino produzéiert.

En extrem reduzéiert Team huet se realiséiert, den haarde Kär aus der éischter Episode – d’Claudine Muno, d’Betsy Dentzer a de Misch Feinen.

De Kappkino: Eng Geschicht ouni Baart gouf dem Publique op Nationalfeierdag, den 23sten Juni, um Radio 100,7 présentéiert.


10 en stock
30,00 €