Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg - Ministère de la Culture
Panier : 0 article(s)
Montant : 0,00 €

TOTAL

0,00 €

Partager cet article  

IWWER LAND – VUM NICO HELMINGER

Een Audiobook vum Nico Helminger

 

Text: Nico Helminger

Spriecher: Steve Karier

Regie a Schnëtt: Martin Engler

Toun: Philippe Mergen

Mastering: Christian Bader

Durée: 4 Stonnen an 9 Minuten

Produktioun: Centre national de l’audiovisuel & Centre national de littérature, © 2023

 

Audiobook am MP3-Format op CD-ROM a mat engem Download-Code.

Gelies vum Steve Karier.

 

iwwer land (1998) gehéiert, nom Roman frascht (1990), zum Nico Helminger (geb.1953) senge fréien Erzielwierker. Et ass eng Sammlung vun néng Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch, déi an den 1980er an 1990er Joren entstane sin. An hirem Mëttelpunkt sti Mënschen, deenen hir individuell Entfriemung an hir dacks tragikomesch Liewenssituatiounen och Symptomer vun enger Gesellschaft sinn, déi um Enn vum 20. Joerhonnert an engem epochalen Ëmbroch war.

 

„en ausflug op d’land, leit, déi no engem begriefnis op d’schueberfouer gin, een, dee mam éischte mee nët eens gët, een, deen op sénger rees uerg un d’schleidere kënnt, anerer, déi nuechtelaang op der sich sin, no wat och ëmmer ... geschichten iwwer leit, déi ënnerwee sin an dach op der plaz trëppelen, leit, déi aus hirer haut wëllen a sech dobäi op déi drolegst manéiere verrennen ...“

Klappentext vun iwwer land, éditions phi, Iechternach, 1998.

 

01 – en ausflug – 05:21

02 – sou eng zort geschicht iwwert sou eng zort léift – 18:44

03 – am zäitalter vun de rekorder – 21:18

04 – äddi willi – 17:28

05 – ierfschaft – 12:35

06 – himmelsdéiercher – 01:10:18

07 – spontanen départ – 01:14:03

08 – äishelleg nuecht – 22:27

09 – iwwer land – 05:00

 

 


24 en stock