Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg - Ministère de la Culture
Panier : 0 article(s)
Montant : 0,00 €

TOTAL

0,00 €

Partager cet article  

D'Kees op an d'Klacken eraus - den CD

Compositeur: Divers compositeurs

 

Interprétation: Dem Thierry seng Kollegen:

 

Mam / Avec: «Chicago Family Orchestra»: Georges Urwald (Piano), Al Lenners (Battri), John Schlammes (Bass), Al Ginter (Perkussioun), Paulo Simoes (Gitar), Ernie Hammes (Trompett), David Ascani (Saxofon), Natasa Gehl (Akkordeon).

 

Et sangen / Chanteurs: Daniel Balthasar, Raquel Barreira, Gérard Bintener a Jos Pletschet (Millermoaler), Shlomit Butbul, Alberto Caicedo (sonido profundo), Gilles Corbi an David Galassi (De Làb), Ralf Haas (Convertibles), Lex Heyar (Moof), Deborah Lehnen, Sascha Ley, David Moreira (Etemal Tango), Claudine Muno, John Rech, Jonathan Reichling (Exemo), Gollo Steffen, Serge Tonnar, Rhaifransch-Yvon an d'Cojellico's Jangen: Raymond Majerus, Arend Herold, Georges Urwald, Carlo Migy, Jean-Marie Kieffer a Christophe Nanquette.

 

Producteurs: Fondation Thierry Van Werveke, RTL, Eldoradio, Rockhal

 

Editeur: Fondation Thierry Van Werveke

 

Pays: Luxembourg

 

Année: 2011

 

Durée : 74 min.

 

Musikalesch Arrangementer: Georges Urwald

Produktioun: Serge Tonnar

Opnahm: Frédéric Museur (Rockhal)

Tounmix: Mike Butcher (Roll Studio)

Foto Cover: Jean-Paul Kieffer

Fotoen: Jean-Luc Brausch

Grafik: Misch Feinen

 

 

Den 22. Oktober 2011 huet dem Thierry seng Fondatioun Sänger a Musker vun alle Generatiounen a Stilrichtunge fir een Owend op der Bühn vun der Rockhal an een Dëppe gehäit:  dem Thierry seng Kollegen.....

 

E musekaleschen Owend op Lëtzebuergesch als Ennerstëtzung fir déi sozial Projeten vun der Fondation Thierry van Werveke. Opgeholl den 22. Oktober 2011 an der Rockhal.

 

Une soirée musicale en 'Lëtzebuergesch' au bénéfice des projets sociaux de la Fondation Thierry van Werveke enregistrée le 22 octobre 2011 à la Rockhal à Esch/Belval.

 

Ein musikalischer Abend auf 'Lëtzebuergesch' als Unterstützung für die sozialen Projekte der Fondation Thierry van Werveke aufgezeichnet am 22. Oktober 2011 in der Rockhal in Esch/Belval.

 

De Benefiss vum Verkaf vun desem Album ass integral  fir déi sozial Projete vun der Fondatioun

© Fondation Thierry van Werveke 2011

 

FONDATION THIERRY VAN WERVEKE

Infos: www.fondationtvw.lu

Don: IBAN LU75 0030 7810 7666 0000 / BGLULL

 

 

'Mär sinn eppes wéi de Robin Hood!'

Den 22. Oktober 2011 huet dem Thierry seng Fondatioun Sänger a Musker vun alle Generatiounen a Stilrichtunge fir een Owend op der Bühn vun der Rockhal an een Dëppe gehäit: dem Thierry seng Kollegen. Dorënner sinn der déi den Thierry nach wierklech perséinlech kannt hunn, awer och vill nei Kollegen, déi déi Chance leider net méi haten, sech awer a sengem Sënn engagéiere wollten. Op dësem Album héiert dir dofir Duetter a Kombinatiounen, déi et esou nach ni gi sinn. Mat enger Ausnahm, dem Twist, sinn all d’Lidder op Lëtzebuergesch. Et si Lidder déi den Thierry gesongen huet, Eegekompositioune vun de Museker op der Bühn, al Klassiker oder international Standarden déi mer an ’Lëtzebuergescht gesat hunn. Eise Maestro, de Georges Urwald, huet d’Museken arrangéiert, ënnerstëtzt vum wonnerbaren 'Chicago Family Orchestra'. Den Thierry, deen et net ëmmer liicht am Liewen hat, huet säi Wee deemools iwwert d’Musek, de Film an den Theater fonnt. Awer hien huet net vergiess, datt et vill anerer gëtt, déi di Chance net hunn. Wéi hie wosst, datt et fir hien net méi géif weidergon, war et him wichteg, datt ënnert sengem Numm eppes fir déi Leit gemaach kéint ginn. Hee war eng Identifikatiounsfigur fir déi vun ënnen an déi vun uewen, an hie wosst, wéi séier ee vun uewen no ënnen ofrutsche kann, awer och, datt een d’Hoffnung ni soll opginn. An hie wollt de Leit eppes zréckginn. Dofir ass d’Haaptzil vun der Fondatioun, fir jonken 'Troublemaker' ze hëllefen - am beschten duerch d’Kultur. Si schafft dofir ganz enk mat den Acteure vum sozialen a kulturelle Secteur zesummen a versicht Brécken ze schlon, déi de Leit, deene si hëlleft, nei Welten zougänglech maache kënnen. E ganz grousse Merci geet eraus un d’Sänger an d’Sängerinnen, déi sech alleguer ouni bezuelt ze ginn op dës Aventure agelooss hunn. E grousse Merci och un Iech, déi um Concert waart an déi dësen Album kaaft hutt. Dir haalt net nëmmen e flott Stéck Lëtzebuerger Museksgeschicht an den Hänn, mä ënnerstëtzt och nach d’Aktivitéite vun der Fondatioun. Merci fir Är Ënnerstëtzung, och an Zukunft, well et heescht weiderhin: 'D’Keess op an d’Klacken eraus!'

 

YEPPO A ROCK ’N’ ROLL ! ! !

Informations complémentaires

 

Titelen – Titres

 

CD 1 

  1. Ouverture des cloches (Serge Tonnar / Georges Urwald) - Chicago Family Orchestra
  2. Twist à Luxembourg (Andy Bausch / Gast Waltzing) - David Moreira, Shlomit Butbul & Sascha Ley
  3. Ech hu Loscht dech ze flécken (Serge Tonnar) - Serge Tonnar & Deborah Lehnen
  4. Ronny Roy Johnson (David Moreira, Tom Gatti, Joe Koener, Pit Romersa, David Schmit) - David Moreira & Deborah Lehnen
  5. Nr. 60110 (Gollo Steffen) - Gollo Steffen
  6. Bild vun engem Mann (Gollo Steffen) - Daniel Balthasar & Gollo Steffen
  7. Dem Wirsch seng Wueden (Poutty Stein / Pierre Faber) - d’Cojellico’s Jangen
  8. Rutsch an der Strëmp (Yvon Streff / Georges Urwald) - Rhäifränsch-Yvon & d’Cojellico’s Jangen
  9. Wéi meng Mamm nach huet gesponnen (Méchel Lentz / Edmond Lentz) - Claudine Muno & Daniel Balthasar
  10. Walert (Josy Braun / Gérard Bintener) - Gérard Bintener & Claudine Muno
  11. Dat ass net fir Hochzäit ze halen (Marcel Reuland / Gérard Bintener) - Gérard Bintener & Jos Pletschet
  12. Verluer (John Rech, Eric Falchero, Tom Weber) - John Rech
  13. Kee méi doheem (Serge Tonnar) - Raquel Barreira & Alberto Caicedo
  14. De Jangeli (Fernand Wark / trad.) - Jonathan Reichling & Ralf Haas
  15. De schéine Poli (Poutty Stein / Henri Dickson) - Alberto Caicedo

CD 2

  1. De Läb Dance (David Galassi) - Gilles Corbi & David Galassi
  2. Halwer Zing de Moien (Thierry van Werveke / NazzNazz) - Lex Heyar, Gilles Corbi & David Galassi
  3. Firwat (Lex Heyar / Moof) - Lex Heyar & Sascha Ley
  4. 2 Pond de Kilo (Serge Tonnar / Thierry Kinsch) - David Moreira & Serge Tonnar
  5. De wëlle Menn (Jean-Michel Treinen / Serge Tonnar, Thierry Kinsch) - Ralf Haas
  6. Ech hu Liewen (James Rado, Gerome Ragni / Galt MacDermot) - Sascha Ley & Shlomit Butbul
  7. D’Keess op an d’Klacken eraus! (Serge Tonnar) - Dem Thierry seng Kollegen
  8. Knocking on heaven’s door (Klappen un d’Himmelsdier) (Bob Dylan) - Dem Thierry seng Kollegen

 


3 en stock
19,90 €