Melodie vum Mier
Producteur: Melusine Productions
Animation, long-métrage
Durée: 87 min.
Langue : luxembourgeois
De Ben lieft mat sengem Papp an dem Sirsha an engem Liichttuerm.
Hie wollt ëmmer e gudde grousse Brudder sinn,
dat hat hien der Mamm versprach.
Awer d'Sirsha geet him zimlech op de Nerv.
Hatt kann nach ëmmer net schwätzen.
Mee wat de Ben net weess, d'Sirsha dréit a sech e grousst Geheimnis.
Hatt ass eng Selkie, hallef Mënsch an hallef Séihond.
Nëmmen d'Sirsha eleng kann d'Wonnerwiesen
mat sengem Gesank retten.