Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg - Ministère de la Culture
Panier : 0 article(s)
Montant : 0,00 €

TOTAL

0,00 €

Partager cet article  

SCHACKO KLAK – BILLER AUS DER KANDHEET (1935-1945)

Auteur: Roger Manderscheid

Gelies vum: Steve Karier

Regie: Martin Engler

Toun: Philippe Mergen

Produktioun: Centre national de l'audiovisuel & Centre national de littérature – Lëtzebuerg 2020

Dauer: 10 Stonnen an 20 Minuten

 

Een Audiobook vum Roger Manderscheid sengem Roman.

Als MP3 Dateien op zwou CD-ROM a mat engem Download-Code fir eroofzelueden.

 

"Schacko Klak – Biller aus der Kandheet (1935-1945)" ass dem Roger Manderscheid säin éischte Roman op Lëtzebuergesch.

En ass 1988 dräi Joer nom Guy Rewenig sengem Roman "Hannert dem Atlantik" bei den Editions Phi erauskomm.

Am Mëttelpunkt vun der Handlung steet de Chrëscht Knapp, deen an 32 Kapitele vu senger Kandheet zu Izeg an de Jore virun a wärend der Nazi-Okkupatioun a vu senger éischter Léift, dem Jhuliett Reiter, verzielt.

De Roman zeechent e Portrait vun deem, dee "Blatzkueder", "Jeizi" oder "Toxi" genannt gëtt, op zwee Erzielniveauen, op der enger Säit aus der Perspektiv vum Véierjaeregen, op där anerer aus der Siicht vum 56-Järegen, deen zanter 20 Joer zu West-Berlin wunnt, an d'Vergaangenheet a Bréiwer un d'Jugendfrëndin reflektéiert.

 

ISBN: 978-2-919903-87-0


24 en stock